3.Liga West - 3 Punkte bei den Galliern

04.12.2018 Volleyball Herren I

3.Liga West - 3 Punkte bei den Galliern

Den leschten Match vun der Hinronn hun Mondorfer geint Aligse spillen mussen. Obwuel ons Herren eng laang Unrees duerchstoen missen, hun se sech daat awer net unmierken geloos an direkt am eichten Saatz sech konstant vum Geigner oofgesaat. Des verdanken se awer och den villen Fehler vum Geigner deen onkonzentreiert an einfach dei eicht 2 Sätz net an den Match fonnt hun. Domat gewannen Mondorfer dei 2 eicht Sätz ob -20 an -19.

Am 3. Saatz huet sech daat awer geännert an Aligse sin vergleichend zu den Sätz vierdrun besser gestart an et war en Kapp un Kapp Rennen, trotzdem konnten Mondorfer sech den 3. Saatz (-23) krallen an domat 3 Punkten an der Tabell secheren.

Geint onsen Diagonalspiller an Kapitän Benjamin Rink konnt Aligse einfach keng Leisung fonnt an soumat gouf den Benjamin verdengt zum MVP am Mondorfer Kader gewielt.

(Max Funk)